"Administrativen Assistent" (m/w) gesicht
Beschreiwung vum Posten:
Am Kader vun hirer Digitaliséierung rekrutéiert d'FLPA en administrativen Assistent (m/w).
D'Positioun, déi ausgeschriwwen ass, enthält am Fong folgend Komponenten: Assistenz am Allgemengen, Keess à jour halen,
Interface a Sekretariat fir Membere vun der Federatioun (Clibb, mat hire Lizenzéierten), Ausféierung vun Aufgaben, déi ënner der Verantwortung vum President duerchgefouert ginn, un deen den administrativen Assistent (m/w) direkt rapportéiert.
Fir déi Aufgabe beschtens ze erfëllen, ass eng adequat Ausbildung wärend der Integratioun sécher gestallt.
Kontrakt mat onbeschränkter Dauer an enger Proufzäit (12 Stonne pro Woch).