Generalversammlung Walfer Foto-Frënn

de 26 Februar am Clublokal

Présencen bei de Clubactivitéiten 2024

36 Aktivitéiten, wourunner 40 verschidde Memberen deelgeholl hunn.

Moyenne vun de Participatiounen fir 2024 läit bei knapp 11 Membere/Réunioun.

Eise Studio gouf 2024 am Ganzen 61x benotzt.

30 x fir d’Besoinen vum Club = 27 x fir Clubaktivitéiten a 4x fir Comitésversammlungen.

31 x hunn 8 verschidde Memberen de Studio reservéiert fir drann ze schaffen.

Retrospective 2024 : (d’Joer vum 40. Anniversaire vum Club !)

• Den traditionellen Neijoerschpatt ;

• Assemblée Générale ordinaire mat Wale fir de Comité, enger Retrospective iwwer 40 Joer;

• WFF an dem obligatorësche Patt duerno an engem riisege Gebuertsdagskuch;

• Mid-season BBQ mat Fierkel um Spiess offréiert vum Club fir säi 40. Anniversaire;

• Workshop iwwer Lightpainting;

• E puer Fotoprojektiounen, ë.A. mat Fotoe vum Jean-Marie Weiler, vun enger Clubrees an Island (4 Memberen) a vun eisem Oldtimershooting 2023;

• Fotoweekend an d’Vogesen (4 Memberen) - an der Presentatioun vun de Fotoen;

• Clubinterne Fotosconcours mat offizieller Jury an Ausstellung vun all de Fotoen an der CAW;

• Divers Fotosortien, ë.A. an den Heeschdrëffer Parc, an de Mëllerdall, op de Kirchbierg, 2x an de Stadgronn (mat 35 a 50mm Fixbrennwäiten)
   an eng Nuetssortie an d’Stad (Winterlights);

• Verschidde Clubowender fir Fotoen ze kucken an ze analyséieren;

• Table ronde an 3 weider Reuniounen vum Aarbechtsgrupp „Modelshooting“;

• Participatioun mat engem Stand beim Salon National am Artikus zu Zolver;

• Fotoe vun de Walfer Schoulklassen an de Fotoreportage vum Walfer Vollekslaaf;

• Clubrees op Budapest (11 Memberen, 2 Net-Memberen);

• Clubowend mat Fotoprojektioun iwwer „Budapest“ a Goulaschzopp;

• Eisen traditionelle Keelenowend;

• Fotosausstellung zum Thema „Wanderlust“ bei de Bicherdeeg.

 

Previsounen fir 2025 :

• Den traditionellen Neijoerschpatt ;

• AG mam Vote iwwer eis nei Statuten (Upasse vun eise Statuten un dat neit Gesetz);

• A Betrieb huele vu „Clubdesk“ an däer neier Websäit;

• Acquisitioun vun engem Godox Blëzsystem mat Presentatioun am Kader vun engem Portraitshooting;

• Fotoe vun de Walfer Schoulklassen;

Salon d’Auteurs an der CAW (mat de Wierker vun eise Memberen);

Projet „175 Joer Walfer“ – Realisatioun vun enger Fotosausstellung zum Thema d’Gemeng Walfer Fréier an Haut déi am Kader vun de Feierlechkeeten gewise gëtt;

• Mid-season BBQ;

• Fotoreportage vum Vollekslaf;

• Fotosausstellung am Kader vun de Walfer Bicherdeeg;

• Konferenzen, Workshopen an divers aner Aktivitéiten am Studio: ë.A. 2 Séancen Tabletopfotografie, verschidde Projektiounen, Fotoanalysen, Presentatiounen a viraussiichtlech 1 Modelshooting;

• Verschidde Sortien mat an ouni Fotoapparat;

• Clubrees op Wien (Oktober);

• Participatioun beim Salon National vun der FLPA;

• Soirée conviviale: Keelenowend.