Servicer vun de FLPA :

Mär sichen nach fräiwëlleg Mataarbechter an eise verschiddene Servicer. Sief et als Responsaablen oder als Collaborateur.
Du brauchs eng Lizenz vun der FLPA a Loscht matzegestalten.

Wann's och du wëlls Eppes zur Konschtfotographie zu Lëtzebuerg bäidroen, da komm bei eis als fräie Mataarbechter.

1) Service "Administration" 
- Secretariat (Korrespondenz, Rapporten, asw.)
- Prozesser,
- Gestioun vun der Datebase "Memberen",
- Gestioun vum Material, asw.

2) Service "Activités et Evènements"
- Organisatioun vu verschiddenen Eventer, wéi d'Journée du Salon National, PHOTO-Forum, Fotosreesen, asw.

3) Service "Finances" (Responsaablen : JLG)
- Bilan a Budget entwerfen,
- Sponsoring, asw.

4) Service "Communication" (Responsaablen : RH)
- Suivi vun eiser Websäit,
- Relatioun mam Grand Public,
- Relatioun mat de Veräiner,
- Newsletter, asw.

5) Service "Concours" (Responsaablen : CR)
- Organiséiere vum Jury Salon National an anere Concouren,
- Teschnesche Suivi vun de Juryen, asw.

De Prinzip ass deen: De Responsaablen schafft selbstänneg, an enker Zesummenaarbecht mat den anere fräie Mataarbechter a steet an direktem Kontakt mam Conseil d'Administration vun der FLPA.

Dat Ganzt a professionneller Zesummenaarbecht mat der Firma BOS.

Fir all Fro, kanns du mech gären direkt kontaktéieren, Fernand BRAUN, President vun der FLPA (f.braun@sctgroup.lu, GSM 691 596 050).