Generalversammlung Walfer Foto-Frënn de 26 Februar am Clublokal Présencen bei de Clubact...
de 26 Februar am Clublokal
Présencen bei de Clubactivitéiten 2024
36 Aktivitéiten, wourunner 40 verschidde Memberen deelgeholl hunn.
Moyenne vun de Participatiounen fir 2024 läit bei knapp 11 Membere/Réunioun.
Eise Studio gouf 2024 am Ganzen 61x benotzt.
30 x fir d’Besoinen vum Club = 27 x fir Clubaktivitéiten a 4x fir Comitésversammlungen.
31 x hunn 8 verschidde Memberen de Studio reservéiert fir drann ze schaffen.
Retrospective 2024 : (d’Joer vum 40. Anniversaire vum Club !)
• Assemblée Générale ordinaire mat Wale fir de Comité, enger Retrospective iwwer 40 Joer;
• WFF an dem obligatorësche Patt duerno an engem riisege Gebuertsdagskuch;
• Mid-season BBQ mat Fierkel um Spiess offréiert vum Club fir säi 40. Anniversaire;
• Workshop iwwer Lightpainting;
• E puer Fotoprojektiounen, ë.A. mat Fotoe vum Jean-Marie Weiler, vun enger Clubrees an Island (4 Memberen) a vun eisem Oldtimershooting 2023;
• Fotoweekend an d’Vogesen (4 Memberen) - an der Presentatioun vun de Fotoen;
• Clubinterne Fotosconcours mat offizieller Jury an Ausstellung vun all de Fotoen an der CAW;
• Divers Fotosortien, ë.A. an den Heeschdrëffer Parc, an de Mëllerdall, op de Kirchbierg, 2x an de Stadgronn (mat 35 a 50mm Fixbrennwäiten)
an eng Nuetssortie an d’Stad (Winterlights);
• Verschidde Clubowender fir Fotoen ze kucken an ze analyséieren;
• Table ronde an 3 weider Reuniounen vum Aarbechtsgrupp „Modelshooting“;
• Participatioun mat engem Stand beim Salon National am Artikus zu Zolver;
• Fotoe vun de Walfer Schoulklassen an de Fotoreportage vum Walfer Vollekslaaf;
• Clubrees op Budapest (11 Memberen, 2 Net-Memberen);
• Clubowend mat Fotoprojektioun iwwer „Budapest“ a Goulaschzopp;
• Eisen traditionelle Keelenowend;
• Fotosausstellung zum Thema „Wanderlust“ bei de Bicherdeeg.
Previsounen fir 2025 :
• Den traditionellen Neijoerschpatt ;
• AG mam Vote iwwer eis nei Statuten (Upasse vun eise Statuten un dat neit Gesetz);
• A Betrieb huele vu „Clubdesk“ an däer neier Websäit;
• Acquisitioun vun engem Godox Blëzsystem mat Presentatioun am Kader vun engem Portraitshooting;
• Fotoe vun de Walfer Schoulklassen;
• Salon d’Auteurs an der CAW (mat de Wierker vun eise Memberen);
• Projet „175 Joer Walfer“ – Realisatioun vun enger Fotosausstellung zum Thema d’Gemeng Walfer Fréier an Haut déi am Kader vun de Feierlechkeeten gewise gëtt;
• Mid-season BBQ;
• Fotoreportage vum Vollekslaf;
• Fotosausstellung am Kader vun de Walfer Bicherdeeg;
• Konferenzen, Workshopen an divers aner Aktivitéiten am Studio: ë.A. 2 Séancen Tabletopfotografie, verschidde Projektiounen, Fotoanalysen, Presentatiounen a viraussiichtlech 1 Modelshooting;
• Verschidde Sortien mat an ouni Fotoapparat;
• Clubrees op Wien (Oktober);
• Participatioun beim Salon National vun der FLPA;
• Soirée conviviale: Keelenowend.
Ne manquez aucune information ! Abonnez-vous à la newsletter de la FLPA pour recevoir en avant-première nos actualités, événements, conseils et annonces importantes du monde de la photographie artistique. Rejoignez notre communauté et restez connecté à tout ce qui fait la richesse de la FLPA.
